Donneschdes, den 13. Juni 2019 war d’Amicale du Personnel Retraité du Groupe ENCEVO, nees um Tour an zwar goung eis Rees an d’Belsch op Strépy-Thieu wou mir de Schëffslift um « Canal du Centre » kucke goungen.
De « Canal du Centre » gouf tëscht 1882 an 1917 gebaut fir d’Flëss Meuse an Escaut mateneen ze verbannen. Eng grouss Erausfuerderung bestoung doranner fir een Niveausënnerscheed vun 73 m ze iwwerwannen. Well eng Léisung mat Schleisen net méiglech war, ze vill Schleisen an domadder een enormen Zäitverloscht, gouf no enger anerer Léisung gesicht. Dës gouf an England fonnt, wou den Ingénieur Edwin Clark 1870 ee Lift fir Schëffer gebaut hat. Fir déi 73 m ze iwwerwannen, goufe 4 Lifter vu ronn 17 m gebaut an eng Schleis fir d’Schëffer ronn 7 m ze hiewen. De Kanal gouf gebaut fir Schëffer bis 300 Tonnen.
An de Fofzegerjoren huet d’belsch Regierung décidéiert all hir Kanäl ze vergréisseren an zwar fir Schëffer bis 1.350 t. Well de « Canal du Centre » duerch Wunngebidder goung a 4 Lifter an eng Schleis hat, koum eng Vergréisserung net a Fro an et gouf een neien Tracé gesicht. Dee neie Kanal krut nach just ee Lift deen d’Schëffer an enger Kéier 73 m hëfft. De Lift huet zwee Behälter wouranner d’Schëffer, onofhängeg ee vun deem aneren, kënnen an d’Luucht oder erof gelooss ginn. Et ass een imposant Gebai dat 117 m héich ass, 130 m laang an 81 m breet. Den Daach ass esou grouss wéi ee Footballsterrain.
Nodeems deen neie Kanal 2002 a Betrib goung, krut deen ale Kanal den Numm « Canal du centre historique » an deen neie gouf « Canal du Centre 1350 » genannt.
Bei eiser Visite si mir mat engem Schëff duerch d’Schleis (7 m Héichtenënnerscheed)
vum « Canal du Centre historique » gefuer an duerno gouf d’Schëff am Lift N° 4 eng 17 m an d’Luucht gehoff.
D’Rees goung du weider bis bei de Lift N° 3.
Déi zwee Lifte sinn eng 2,4 km auserneen an op deem Wee hu mir dräi Zuchbrécken
an eng Dréibréck passéiert déi alleguerte manuell manövréiert ginn. Zum Schluss si mir nach d’Maschinnenhaus vum Lift N° 3 kucke gaangen.
Nom Mëttegiesse war d’Visite vum « Plan incliné de Ronquières » um Kanal Bréissel-Charleroi um Programm. Hei gëtt op enger Längt vun 1,4 km een Niveausënnerscheed vu 68 m iwwerwonnen. E besteet aus zwee Behälter déi 91 m laang an 12 m breet sinn an op 60 Rieder lafen. All Behälter kann ee Schëff vun1350 t ophuelen oder e puer méi kleng Schëffer.
Déi 30 Leit, déi bei dëser Visite derbäi waren, waren alleguerte begeeschtert vun eise belschen Noperen hieren technesche Performancen.
Pierre Wilmes
